CLAUDE LEOGRANDE

Mat Dir als Spillertrainer vun 2004 bis 2009, ass den FC Syra 2008 déi éischte Kéier an senger Geschicht an déi 1. Divisioun opgestiegen. Leider konnte mir eis deemols nët do halen.

Du bass 2016 als Trainer bei den FC Syra zeréck komm an hues 2018 erëm den Opstieg an déi éischt Divisioun färdeg bruecht. Dëst war déi 2. Kéier an der Geschicht vum FC Syra an des Saison, 2019, hues Du dei éischt Divisioun konnten haalen.

Matt Dir haaten eis Spiller vill Spaass um Futtball, Du wars fir d'Spiller net nemmen Trainer, mee och en gudden Kolleg an en Virbild.

Du wars beim FC Syra en ganz engagéierten Trainer. Respekt, Fairness an Éierlechkeet gouf bei Dir ganz grouss geschriwwen an den FC Syra konnt sech emmer op Dech verloosen.

Duerfir soen mir Dir villmols Merci an Du bass matt denger Famill natiirlech emmer wellkomm beim FC Syra.

MERCI CLAUDE FIR ALLES

© 2018 - 2019  F.C. SYRA MENSDORF

Created by Jos Mathey