top of page
20250711_202739_edited.jpg
20250711_203002_edited.jpg
MERCI MICK

Ëmmer am Asaz, Dag an, Dag aus, Joerzéngten laang. Onermiddlech hues Du dech agesat fir den Syra Menster. An denger Funktioun als Caissière hues Du eng wonnerbar Aarbecht geleescht. Doriwwer eraus waren deng Asätz an der Buvette, Sonndes an der Kees, d'Memberskaarte gereiert,
mol gegrillt, mol d'Trikoten kontrolléiert,
an, an, an ......
20250711_211306.jpg
MERCI NICO

Als Spiller ugefaang, duerno Trainer, Sekretär a spéider gläichzäiteg Vizepresident an du President vum Syra Menster. Ëmmer huet een dech um Terrain gesinn, entweder gemeiht, den Terrain gezeechent oder soss eppes reparéiert oder opgeriicht. Ëmmer do wann eppes war a fir jiddereen do wann een en oppent Ouer gebrauch huet. Souguer Nuets Abriecher verdriwwen, mol gestridden, mol Streit geschlicht, an, an, an ......
MICK AN NICO
​

Et ass net meigelech ären Asaz fir de Syra Menster a Wieder ze faassen.
Et ass och net meigelech alles op ze zielen wat Dir zwee fir de Syra Menster gemaach hutt.
Wat awer meigelech ass, dat ass datt jidderee vu Syra Menster Iech villmools Merci seet fir alles, wat Dir gemaach hutt a weit doriwwer eraus.

VILLMOOLS MERCI MICK AN NICO FIR ALLES

 

Dir sidd ëmmer häerzlech wëllkomm beim Syra Menster a mengt net, Dir bräicht elo näischt mei fir de Syra Menster ze maachen. Är hëllef an äert Wëssen wäert awer nach gebraucht ginn.

F.C. SYRA MENSDORF

© 2022-2025 F.C. Syra Mensdorf

33, rue d'Uebersyren
L-6930 MENSDORF

bottom of page